Choose your language

 

Léif Bierefrënn,

Merci fir äert Interessi u mengen Kënschtlerbieren. Ech wëll Iech hei kuerz erzielen, wéi sech meng Leidenschaft fir Bieren ze bitzen entwéckelt huet.

Well ech schonn ëmmer u schéine Saachen an kreativen Aarbechten interesséiert war, hunn ech am Summer 2011 aus Virwëtz un engem Cours deelgeholl, wou ech geléiert gouf wei een Teddien bitzt. Ech war vum 1. Moment un faszinéiert vun dësem Handwierk an ganz gespaant op d'Resultat. Mäin 1. Teddy huet allerdéngs net mengem Wonschteddy entsprach an ech hu mir dofir virgeholl en 2. Versuch ze ënnerhuelen. Dëst huet dunn leider gedauert, well ech keng Zäit fonnt fir mech weider domadder ze beschäftegen.

2013 konnt ech mech endlech intensiv mam Biere bitzen ofginn. Ech hunn meng 1. eegen Bieren entworf a sinn zënterhier hoffnungslos vum Bierevirus infizéiert. Ech hunn all frei Minutt dru geschafft meng Iddien ze verwierklechen a meng Techniken ze verbesseren. Well meng Kreatiounen och gutt bei menger Famill a Frënn ukomm sinn, hunn ech de Courage fonnt un engem éischte Concours deelzehuelen - Just for fun. Zu menger Iwwerraschung a grousser Freed ass mäin "George" als Gewënner an der Kategorie fir Ufänger ausgezeechent ginn. Meng Passioun, d'Interessi u menger Aarbecht, d'Freed vun den Adoptivpersounen, d'Unerkennung duerch weider Auszeechnungen an ëmmer erëm néi Iddien déi ech wëll ëmsetzen, machen et méiglech fir mech all eenzelt Wierk mat Begeeschterung a vill Léift ze realiséieren.

All Teddy ass en Unikat! Vill verschidden Patronen hunn ech schonn entworf, an mëttlerweil gehéieren och aner Déieren zur MaWi Kollektioun. Duerch d'Handaarbecht an déi vill verschidde Faarwen vu Mohair-, Alpaka oder syntheteschem Webpelz, huet jiddwer Wierk säin speziellen Ausdrock an Charakter. Ganz groussen Wäert hunn ech vun Ufank un op den Gesiichtsausdrock geluecht.

 Wéinst enger Ufro vun enger Cliente entwerfen a realiséieren ech zënter 2016 op Wonsch och Hënn a Kaatzen, unhand vu Fotoen vum richtegen Déier. Dëst ass all Kéiers eng grouss Freed an Erausfuerderung fir mech. E besonnesche Moment ass ëmmer wann d'Léit dann hire "néie" Frënd déi 1. Kéier gesinn.

Hutt Dir Interessi un engem vu menge Wierker oder e spezielle Wonsch fir Iech oder als Cadeau (Naissance, Gebuertsdag, Hochzäit,...) oder soss nach Froen , dann mëllt Iech einfach bei mir. Et géif mir och grouss Freed maachen Iech op enger Ausstellung perséinlech kennenzeléieren oder op Rendezvous och gären a mengem klengen Bitzatelier bei mir doheem zu Gonnereng.

 

Mat beschte Gréiss,

 

Marianne Schmalen-Willems

Op der Tonn, L-6188 Gonderange

 

MaWi Bears and friends - Made with ❤️ to make you happy!

 - Impressum/Mentions légales/Legal notice -

Autorisation d'établissement 10091010/0 , RCSL A41490

TVA non applicable - Article 57, paragraphe 1
de la loi modifiée du 12 février 1979